news

News

Vorratsdatespäicherung - Eng never ending story

2014 huet deen europäeschen Geriichtshaff fir d'éischte Kéier an engem Urteel festgehalen, dass Vorratsdatespeicherung esou net dierf weider applizéiert ginn. Eiser Regierung war dëst awer häerzlechst egal.

Et huet een sech ëmmer hannert enger Léisung op EU Niveau verstoppt, déi awer ni zu Stane komm ass. Legal war dëst natierlech net, mee d'Grondrechter vun de Bierger kann een jo mat Féiss trëppelen. No 8 Joer ass et dann elo endlech esou wäit an een Projet de Loi läit fir.

Kann een mat dësem Projet de Loi zefridde sinn? Dat ass séier mat engem fatzegen Nee!, beäntwert. Dëse Projet de Loi gesäit weiderhin fir, dass massiv Donnéeën vun de Bierger gesammelt an 6 Méint laang mussen gespäichert ginn. Anscheinend huet een sech net genau mat deen Urteeler beschäftegt well an deenen steet klipp a kloer: D'Iwwerwaachung muss op een strikten Minimum limitéiert ginn. Wat dorunner net ze verstoen ass, froe mir eis och. Eis Regierung, huet et sech einfach gemaach an orientéiert sech ferm un der Belsch. Keng eegen Iddien, keng eegen Recherchen, keng Eegeverantwortung.

Fun with metadata
Source Medium
Author Matt Bors

Wann een, esou wéi mir dat schonns vun Ufank u maachen, d'VDS kritiséiert, dann gëtt jee no Gusto, d'Terror- oder organiséiert Verbriechen-Keul ausgepaakt. Dobäi erwäänt d'Ministesch awer net, datt all Zort vun Klengkriminalitéit ënnert d'VDS fält. Sou soll Justiz Zougrëff op déi Daten kréien, wann d'Héchststrof fir eng Dot bei op mannst, engem Joer Prisong läit. Dorënner fält zimmlech vill, sou zum Beispill och, Beleidegung vun engem Deputéierten. Dat huet deemools souguer den Xavier Bettel kritiséiert. Den Ex Minister Braz wollt dowéinst och 33 Strofdoten am Gesetz verankeren, wéini d'VDS géif gräifen. Dozou koum et awer ni. Den EU Geriichtshaff huet et 2014 zu enger Bedingung gemaach, datt bei enger VDS, d'Beruffsgeheimnis extra misst geschützt ginn. Am Projet de Loi fënnt een derzou näischt. Och keen Wuert zum Quelleschutz vun den Journalisten. Alles gekonnt ignoréiert ginn.

Vu wéi engen Daten schwätzen mir hei? Vun den sougenannten Metadaten. Wa mir lo een Uruff als Beispill huelen, dann gëtt Folgendes fir 6 Méint gespäichert:

  • D'Auerzäit
  • D'Längt
  • Mat wiem telefonéiert gouf.
  • Vu wou telefonéiert gouf.
  • Eventuell souguer mat wéi engem Telefon, wat fir eng Software drop leeft asw

Zwar gëtt den Inhalt vum Uruff net gespäichert mee mat den Metadaten kann een ganz séier Réckschlëss op den Inhalt zéien. Wann dir zum Beispill engem Affekot mat Spezialisatioun am Scheedungsrecht urufft, ass séier gekläert ëm wat et geet. Wann dir engem Onkolog urufft, geet et bei dem Gespréich wuel net just ëm d'Gripp. Metadaten kënnen also deemno wéi méi interessant sinn ewéi den Inhalt selwer.

Wou "grouss" Massen u Leit beieneen kommen, dierf monter drop lass gespäichert ginn. Och do, wou et een "erhéichten Kriminalitéitstaux" gëtt. Et gëtt awer keng Definitioun wat eng "grouss" Mass ass. Sinn dat 10 Leit? Sinn dat der 100 oder 1000? Wou ass, deen "Kriminalitéitstaux" dann méi héich? An der Groussgaass? An der Chamber? Op der Tankstell oder am Akafszenter? D'Ministesch gëtt d' Beispill vun der Stater Gare, wou eng VDS weider aktiv bleift. Trëfft dat och op aner Garen zou? Wat ass den geneeën Krittär, datt eng VDS gesetzlech gerechtfäerdegt ass? An wei engen Zonen, dierf iwwerwaacht ginn a wéi eng net? Dat gëtt een net gewuer. Eng "Commission consultative", déi sech hannert zouenen Dieren trëfft, hëllt déi Entscheedung.

Déi Kommissioun leet also déi ominéis Zonen fest. Wien an déi Kommissioun kënnt, an op déi Zonen einfach esou kënnen geännert, erweidert oder réckgängeg gemaach ginn, dat ass net weider definéiert. Dat bescht ass awer, datt fir d'éischt Gesetz muss gestëmmt ginn an dann eréischt 3 Méint méi spéit, déi Kommissioun mol zesummen kënnt. Wéi der Däiwel soll een Deputéierten seng Aarbecht maachen, wann nach net mol kloer ass, wou dann elo genee eng Vorratsdatespäicherung weiderhin bestoen bleift?! Een Bericht soll dann och just all 3 Joer, der Chamber präsentéiert ginn. Eng verdachtslos Masseniwwerwaachung kann dach net just all 3 Joer op hier Legitimitéit hin gepréift ginn?

Dat ass dach alles een schlechten Witz.

Elo bléift just nach ze hoffen, datt den Staatsrot een negativen Avis ofgëtt. Eventuell kéint eis Regierung jo mol mat ëffentlechen Acteuren schwätzen, déi och Anung vun der Matière hunn a sech net nëmmen vum SRE oder der Police eppes opschwätzen loossen.

D'Vorratsdatespäicherung ass opgehuewen, sou eis Ministesch. Wat hu mir gutt gelaach!

Sometimes the scandal is not what law was broken, but what the law allows. - Edward Snowden

2023/04/21 10:42 · virii
This Phone Is Tapped
Source Flickr
Author david drexler

D'EU-Kommissioun huet hir Pläng fir eng sougenannte Chatkontroll anzeféieren, präsentéiert. D'Kommissioun huet dës Propose lancéiert fir kënnen aktiv géint Kannermëssbrauch virzegoen. Wat u sech gutt kléngt, ass ee risegen Aschnëtt an eis Privatsphär. Grouss Plattformen oder Kommunikatiounsappe wei:

  • Facebook
  • WhatsApp
  • TikTok
  • Instagram
  • Signal
  • Telegram a Co.

solle gezwonge gi reegelméisseg, privat Noriichte vun hire Benotzer, automatesch ze duerchliichten. Egal op dës verschlësselt sinn oder net. Dëst soll automatiséiert, direkt ob de Geräter vun de Benotzer, geschéien. Soubal dëse Filter eppes Suspektes erkennt, géif de Contenu, egal op Biller, Videoen oder Text, un eng nei erschaaften EU-Agence geleet ginn, déi dës da solle kontrolléieren. Esou automatiséiert Filteren hunn ëmmer hier Feelerquoten. Dat féiert dozou, dass honnertdausende vun Noriichten, falsch markéiert ginn.

Bis elo ass net kloer, wien dës Erkennungsalgorithmen an Datebanken definéiert a kontrolléiere kann. Et ass awer elo scho gewosst, dass esou een ontransparent System, an der Zukunft wäert erweidert ginn.

Den Zweck hellegt och hei net d'Mëttelen. Dat seet souguer den Däitschen Kannerschutzbond. Well net nëmme Journalisten an Whistleblower, sinn op vertrauenswierdeg Kommunikatioun ugewisen, mee se ass och ee wichtegen Eckpfeiler vun der IT-Sécherheet an domadder och fir dech a mech.

Dëst ass ee massiven Aschnëtt an d'Privatsphär vun den Notzer, wëll se d'Kontroll doriwwer verléieren, wéi eng Donëen se mat wiem deelen. En vertrauleche Message, eng Foto vum leschten Kannergebuertsdag oder de Video vun der Bomi un hier Enkelen. Alles dat kann a wäert mussen gescannt a vun engem Drëtten kontrolléiert ginn. D'Grondvertrauen an déi eegen Geräter ass domadder zerstéiert!

D'Bierger ginn esou alt erëm direkt ënner Generalverdacht gestallt, ënnert dem Deckmantel vun der Bekämpfung vu Kannermëssbrauch. Déi Kriminell benotzen hautdesdaags Déngschter, déi net géifen ënnert dëse Massenscan falen, fir hir Dot ze begoen. Doduerch ass dës Moossnam och nach komplett sënnfräi.

De Chaos Computer Club Lëtzebuerg wäert national ewéi och op EU-Niveau sech mat aneren Organisatiounen a Partner zesummendoen, fir dass dës Iddi net wäert duerchkommen. D'EU-Kommissioun muss hiren Entworf verwerfen an sech aner Weeër ausdenke wei ee ka géint Kannermëssbrauch virgoen. Kanner schützt een net, andeems een eng digital Iwwerwaachungskultur schaaft.

Eng Chatkontroll ass als fundamental feelgeleeten Technologie, grondsätzlech mat aller Vehemenz, ofzeleenen.

2022/05/14 23:46 · virii

Wéi dir bestëmmt wësst, huet d’Lëtzebuerger Regierung bis de 7. Juni Zäit, fir d’“Digital Single Market” Direktiv (2019/790), wou et ëm d’Auteursrechter/Copyright geet, an ee nationaalt Gesetz ëmzesetzen. Dës Gesetzgebung wäert d’Reegelen nei gestalten, déi d’Benotzererfarung vun haut massiv beaflossen.

De Chaos Computer Club Lëtzebuerg huet dozou ee Positiounspabeier geschriwwen deen déi bescht méiglechst Implementatioun vun deene verschiddenen Artikelen vun dëser Direktiv opgräift.

Den Oflaf vun der Pressekonferenz gesäit folgendermoossen aus:

  • 13:30 Entrée & Verdeelung vum Positiounspabeier
  • 14:00 Ufank vun der Pressekonferenz
  • 14:45 Froeronn
  • 15:15 Ofschloss

Mir lueden Iech dowéinst häerzlechst den 1ten Februar ab 13:30 Auer an d’Victor Hugo Hal, iwwer d’Säitenentrée op den zweete Stack, ze komme wou mir eise Positiounspabeier wäerte virstellen an eis Websäit lancéieren.

Opgrond vun den aktuelle Mesure biede mir iech, eis kuerz Bescheed ze soen ob dir kommt an zu wéi vill.

Mat frëndleche Gréiss, Chaos Computer Club Lëtzebuerg

2021/01/29 15:06 · metalgamer

Den 8 November 2020 hunn Journaliste vum ëffentlech-rechtleche Sender FM4 aus Éisträich an engem Artikel drop opmierksam gemaach, dass den EU Ministerrot un enger neier Resolutioun schafft, déi nawell vill Froen a Kritik opwerft. Nëmme 5 Deeg no deenen uergen Terroruschléi zu Wien, well een elo d'Enn-zu-Enn Verschlësslung souzesoen ofschafen an dëst sou séier wei méiglech an och nach hannert zouenen Dieren. Domadder wier et net méi méiglech, verschlësselt mateneen ze kommunizéieren, ouni Gefor ze lafen, datt eng aner Persoun matliest. Sou sollen d'Hiersteller vu bekannten Appen wei Whatsapp, Signal, Telegram a Co, eng Hannerdier abauen domat Geheimdéngschter Zougrëff op Chats kënne kréien. Dacks gouf scho probéiert dëst ëmzesetzen, mee bis ewell ouni Succès.

Begrënnt gëtt d'Noutwennegkeet fir esou Moossname jee no populisteschem Gusto - politeschen Extremismus, Terrorismus oder Kannerpornographie. Well aus deem Populismus och mol reell Veruerdnungen a Gesetzer kënne ginn, ass et ëm sou méi wichteg, datt Zivilgesellschaft souwéi och d'Wirtschaft, kloer Positioun bezéien a Widderstand leeschten.

Mir vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg, sinn ze déifst beonrouegt iwwert dës Noriichten a maachen eis enorm Gedanken a wat fir eng Richtung mer histeieren. Op alle Fall wäerte mir dësem Politeschem Geplänkels net einfach esou nokucken. Crypto Wars goufen et schonns dacks a bis elo huet Zivilgesellschaft déi nach all gewonnen. Mir bléiwen eisen Wäerter trei an setzen eis dofir an, dass dat och esou bleift.

Dowéinst fuerderen mir d'EU an hier Memberstaaten mat Nodrock dozou op:

  • All d'Pläng zur Schwächung vun Informatiounssécherheetsmossnamen, wéi d'Enn-zu-Enn-Verschlësslung opzeginn.
  • Entreprisen net an d'Flicht ze huelen, een "Screening" vun de Messagen virun der Verschlësslung duerchzeféieren oder aner Secherheetslücken an hier Systemer ze implementéieren.
  • Bei zukünftegen Debatte wou et sech ëm Thema Verschlësslung dréint, ee Mënscherechtsorganisatiounen, Experten am Beräich digital Rechter ewéi aner Gruppéierungen aus der Zivilgesellschaft, mat abënnt.
“I don't want to live in a world where everything that I say, everything I do, everyone I talk to, every expression of creativity or love or friendship is recorded.”
― Edward Snowden
2020/11/15 22:06 · virii

De Policedossier wërft och no engem Joer nach ëmmer Froen op. Obwuel op politescher Linn scho villes geschitt ass, gesäit et op Säit vun der Police nach ganz anescht aus.

Dateschutzbeoptraagten vun der Police verweist op eng net Zoustännegkeet a Punkto Schengen Information System, hellt sech selwer net un festgeluechten Delaien, a verweigert de Renseignement, wien op engem seng Daten zougegraff huet. Do derniewent krute mir besonnesch am Ufank vu verschiddene Leit d’Réckmeldung, dass an der Äntwert, déi se krute Feeler waren, wei zB Datumer déi an der Zukunft leien oder Leit déi als Zeie gehéiert goufen, awer als Täter duergestallt ginn. Och kruten Leit eng Äntwert, wou dra stoung, dass zwar Donnéeë fonnt goufen, déi der Persoun zougeuerdent kéinten ginn, mee si kéinten déi net eraus ginn, well de Gebuertsdatum an der Ufro géif feelen. An dat obwuel een eng Kopie vun der Carte d’identité matgeschéckt huet. Hei stellt sech d’Fro ob Police dës Ufroen iwwerhaapt uerdentlech beaarbecht oder einfach am Chaos ënnergeet. Vläicht ass der Police den Dateschutz och einfach egal oder ze lästeg.

Wei kann et sinn, dass een mëttlerweil, een Joer op eng Äntwert waarden muss? Dat ass een net akzeptéierbaren Mëssstand, deen dat Recht op Informatiounsfräiheet ganz einfach ad-absurdum féiert. Dës weideren, refuséiert Police eng Oplëschtung ze ginn, wien op engem seng Donnéeë zougegraff huet. Zwar gëtt dat protokolléiert awer et gëtt engem net gesot. Anscheinend kritt een dat just matgedeelt, wann engem duerch en Dateschutzverstouss, e Schued entsteet. A wéi wann ech gelift, soll de concernéierten Bierger dat erausfannen, wann Police sech queesch stellt, an engem net seet wien dann elo Zougrëff hat?

Dat kritiséiere mir als Chaos Computer Club Lëtzebuerg staark. “Mir sinn der Meenung, dass de Bierger och doriwwer muss informéiert ginn, wéi eng Institutiounen op engem seng Donnéeën zougräift.” sou den Sam Grüneisen vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg. “Mir fuerdere scho säit Joren, ee sougenannten “Datenbréif”, wou de Bierger automatesch doriwwer informéiert gëtt, wéi eng Donnéeën eng Institutioun oder Entreprise iwwert een huet, firwat déi benotzt ginn a wien dorop zougegraff huet.”

An dësem Kontext, wëlle mir als Chaos Computer Club Lëtzebuerg och nach eng Kéier dorop opmierksam maachen, dass eisen Internetsite fichiercentral.c3l.lu, deen mir zejoert zu dëser Affär publizéiert hunn, nach ëmmer funktionéiert an elo och Donnéeën, déi am Schengen Information System stinn, mat ugefrot ginn.

2020/10/18 23:14 · metalgamer

Vill Bierger kruten an der rezenter Vergaangenheet ee Bréif zum elektronesche Patientendossier, dass dësen op hiren Numm opgemaach gëtt. Den 18 Mee huet RTL ee Beitrag dozou verëffentlecht. Aus dësem geet ënnert anerem ervir, dass schonn elo Laboen z.B., Donnéeën doranner späicheren, an dass bis Enn 2021 all Bierger, deen zu Lëtzebuerg assuréiert ass, esou een Dossier soll hunn.

Als Chaos Computer Club Lëtzebuerg wëllen mir gären un Médico-Leak Affär vun 2012 erënneren, wou et enger Persoun ganz einfach méiglech war un medezinesch Donnéeë vun Sportler ze kommen. Hei baue mir also elo eng Datebank op, wou herno nach méi Donnéeën dra gespäichert sinn. Och wann de Staat geléiert huet, an elo eng Zwee-Faktor Authentifizéierung verlaangt, gesi mir schonn eleng Uleeë vun esou Datebanken, grad wann ze zentral gespäichert ginn, als kritesch.

Mir gesinn et als positive Punkt un, dass de assuréierte Bierger, Méiglechkeet huet, dësen Dossier ob fräiwëlleger Basis nees zou ze maachen, mee och hei stellen sech nach Froen. “Wat geschitt mat deenen Donnéeën, déi schonn dra gespäichert goufen? Ginn déi automatesch geläscht oder muss een dat nach eng Kéier extra ufroen? Wat geschitt wann falsch Donnéeë saiséiert ginn? Dës si Froen, ob déi mir nach keng Äntwert fonnt hunn.” betount den Dennis Fink, Pressespriecher vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg. “Esou een elektronesche Patientendossier ass natierlech ufälleg fir Mëssbrauch. Zentral Datebanke sinn ëmmer eng Gefor fir Privatsphär, wëll et muss nëmmen een technesche Feeler dra sinn, deen et Kriminellen erméiglecht un Donnéeën ze kommen, an esou ass Privatsphär vun all Bierger beanträchtegt” sou den Dennis Fink.

Zentralen Datebanken, sti mir als Chaos Computer Club Lëtzebuerg, och kritesch géigeniwwer, wëll niewent dem Mëssbrauch, erméiglecht et dem Staat, ee méi komplett Bild vu senge Bierger ze kreéieren. Medezinesch Donnéeë sinn hei vu grousser kritescher Natur. Och wann den Accès zu dësen Donnéeën, am Moment nach, nëmmen ob spezifesch Persoune limitéiert ass, komme mir awer engem orwellschen Staat ëmmer méi no. Ee Zenario, wou z.B. och Assurancen Accès ob dës Donnéeë kréien, an esou z.B. Léit benodeelege kënnen, ass domadder licht virstellbar.

Am digitalen Zäitalter, héiert sech esou en elektronesche Patientendossier, am Ufank ganz gutt un. Schonn am Februar 2014 hunn mir dorop opmierksam gemaach, dass mir mat enger Skepsis, dem elektronesche Patientendossier géintiwwer stinn. Deemools hunn mir schonn ee puer Froen opgestallt, ob déi mir haut nach keng konkret Äntwert fannen. An der FAQ op Esanté.lu léist sech Folgendes liesen: “Die Daten werden in einem « Gesundheitssafe » in Luxemburg gespeichert. Die Informationen werden gesichert übertragen und verschlüsselt gespeichert.” Eng Erklärung, wéi deen “Gesundheitssafe” technesch geséchert ass, fënnt een net. Wann et een Sécherheetsaudit iwwert dësen elektronesche Patientendossier gëtt, fuerdere mir als Chaos Computer Club Lëtzebuerg, Regierung dozou op dësen ze verëffentlechen oder esou schnell wéi méiglech, een ze erstelle loossen.

2020/06/03 00:00 · metalgamer

As all year, we will provide a place for watching the stream from the 36th Chaos Communication Congress. From the 27th until the 30th of December, the ChaosStuff will be open for everyone. More information can be found here.

2019/12/09 20:35 · metalgamer

Seit Ufank Juni rumouert et hei am Land nawell net ze knapp. Kurz virun der grousser Vakanz geet rieds vun engem gewëssene Policedossier och nach "Fichier central" genannt. Den Chaos Computer Club (C3L) kann nëmmen de Kapp rësele wann ee gesäit wéi d'Ministere Bausch a Braz souwéi eis Regierung op dësen Dossier reagéiert hunn. Amplaz vun Ufank un d'Kaarten oppen op den Dësch ze leen huet et Deeg laang gedauert bis ee mol méi kloer Informatiounen krut. Et huet ee sech d'Fro gestallt ob si selwer iwwerhaapt wëssen ëm wat et genau geet.

Ee Schreiwes vun den Ministere Bausch a Braz un d'Press ass op der enger Säit lachhaft well si der Press virgeheie Polemik ze verbreeden an op der anerer Säit well se dovunner schwätze wéi wichteg den Dateschutz an d'Privatsphär hautzedaags ass. Dobäi hu si wuel vergiess dass grad an dësem Dossier ee sech d'Fro stellt ob alles mam Dateschutz konform ass oder net. Andeems een der CNPD an der Polizeigeneralinspektioun elo een Optrag ginn huet alles genau ze analyséiere spillt een just op d'Zäit. Dat alles hätt scho misse virdrunner gemaach ginn an net Wochen duerno.

Den Chaos Computer Club (C3L) stellt dowéinst gratis all de Bierger eng E-mail Virlag zur Verfügung, déi si kënnen dem Dateschutzbeoptraagte vun der Generaldirektioun vun der Police Grand-Ducale schécken an dem Sekretariat vum Generaldirekter. Fir dësen Virgang sou einfach wéi méiglech ze maachen, hunn mir d'Websäit fichiercentral.c3l.lu erstallt. Hei muss een just seng Uschrëft uginn. Duerno geet dann ären E-Mail Programm, mat ärer perséinlecher Virlag op. Dir musst just nach eng Kopie vun ärer Carte Identité als Annexe bäifügen an d'E-Mail fortschécken. Mir hoffen, esou de Bierger een klengen Déngscht a Punkto Dateschutz an Daterecht unzebidden.

2019/07/01 14:02 · virii

Den 26ten Mäerz huet d'EU Parlament fir déi geplangte Copyrightreform gestemmt. Déi massiv negativ Konsequenzen, vun dëser immens schlecht duerchduechten Reform, wäerte mer eréischt an een puer Méint, respektiv maximal 2 Joer, ze spieren kréien. Den Internet, sou wei mer en hautdesdaags kennen, wäert dann net méi existéieren.

Wat mer wäerten hunn, ass eng Entmëndegung vun all Benotzer, well automatiséiert Filteren elo entscheeden, wat däerf publizéiert ginn a wat net. Mer hunn schonn dacks drop higewisen, datt Filtere Feelerufälleg sinn. Sou wäert Contenue säi Wee op eng Plattform ni fannen, esou wéi dat leider schonn den Fall op Youtube ass, mat ënnert anerem, Krichsreportagen.

D´EU Parlament huet domadder d´Chance verspillt, net nëmmen eng besser Copyrightreform op den Instanzewee ze bréngen, mä huet och ee negatiivt Bild ob seng eegen Demokratie geworf. Ënnert anerem mat Aussoen, vum Här Axel Voss, deen Zéngdausende vu Bierger, besonnesch Jonker, ënnerstellt, dass si manipuléiert gi wieren oder, vum Här Daniel Caspary, deen de Demonstrante virgeheit, si wieren dofir bezuelt ginn. Dëst Trauerspill bréngt elo mat sech, datt eng ganz Generatioun, d'Vertrauen an eng EU verléiert, déi souwisou schonns een Imageschued huet. D'Signal ass kloer: All deng Wënsch an däi Protest loossen d'Politiker kal a se maache wéi et hinne vun den Lobbyisten opgedroe ginn ass.

D'Kënschtler wäerten an e puer Joren nach ëmmer net besser bezuelt gi fir hier Wierker, vu-que dass Youtube, Google an Co net ka mat all eenzele Kreateur een Arrangement fannen an och net mat all den Vertrieder vun den Kënschtler. Am Endeffekt wäert Zensur an Vertrauensbroch déi eenzeg Resultater vun dëser Reform sinn.

Et ass een Konflikt zwëschent den Generatiounen an et ass een Konflikt zwëschent deenen, déi eppes vum Internet verstinn an deenen déi anachronistesch Mëttele wëllen ob déi nei Medien uwenden. Eng läscht Chance gëtt et nach. Den 9ten Abrëll muss den europäeschen Rot géint Richtlinn stëmmen, fir, dass dës kontrovers Reform net a Kraaft trëtt.

Als Chaos Computer Club Lëtzebuerg an als Frënn vun der Ënn A.S.B.L bedaueren an mëssbëllegen mir dës Entscheedung vum EU Parlament. Mir wäerten eis och an Zukunft op nationalem an europäeschem Niveau massiv géint esou Zenséierungen vum Internet asetzen. Zu gudder Lescht, wëllen mir eisen Europa Deputéierten awer Merci soen, déi all géint dës Direktiv gestëmmt hunn, an domadder hiert Versprieche gehalen hunn.

RIP Fräien Internet

2019/03/27 09:44 · metalgamer

2019/03/22 13:04 · virii
  • news.txt
  • Last modified: 2022/03/06 10:53
  • by metalgamer