Meetup's sinn all zweete Méinden um 19:00 Auer am Hackerspace.
Dat ass déi ideal Méiglechkeet fir Iech eemol laanscht kucken ze kommen. Besonnesch Leit déi Froen hunn an d'Clubliewen eng Kéier wëlle gesinn a kenne léieren, kënne profitéiere fir ganz einfach mat eis a Kontakt ze trieden.
Fir Clubmembere gëllt, dass dës Meetings primär dozou denge fir un Club- oder eege Projeten ze schaffen. Mä och fir mol nei Leit kennen ze léieren an och ze encadréiere well des Zort vu Zesummekomme fir de Public op ass.